D'Lëtzebuerger Hardcore Band Falling Promises bréngt den Owend offiziell hiren Debutalbum Dystopia eraus. RdV ass net op engem Concert mä am Why Not

Wéi der sécher wësst hätte Falling Promises scho sollte virun enger Zäitchen (21. Sept.) hiren Debutalbum Dystopia eraus bréngen, ma leider ass den trageschen Doud vun hirem Gittarist Cédric Grün dertëscht komm. No laangem Iwwerleeën huet d'Band dunn entscheed trotz allem d'CD ze verëffentlechen.

Allerdéngs wäert dat elo net op engem Concert geschéien, dat wier jo bësse komesch ouni de Cédric. Dofir hu Falling Promises eng CD Listening Release Party geplangt. An zwar den Owend am Why Not zu Diddeleng. Et wäert ee Metal/Hardcore Owend ginn, och wann Dystopia net méi leeft. Lass geet et um 8, den Entrée ass gratis. Den Album kritt ee fir 7€. Ticketen, déi ee scho fir d'Show an der Kufa am September kaf hat, sinn haut nach gülteg, mat deene kritt een och eng CD.

Normalerweis maachen ech jo och e Review zu neie Releasen, mä an dësem Fall erlaben ech mir, keen ze schreiwen, ganz einfach aus Respekt virum Cédric senger Persoun. Hien huet e groussen Deel zum Album bäigedroen an ech wëll ganz einfach net iwwert d'Wierk vun engem uerteelen, dee viru kuerzem vun eis gaang ass. Ganz onofhängeg dovunner ob dat, wat hie gemaach huet, gutt oder schlecht war. Ech soe just eppes: Kommt den Owend laanscht, zitt iech e gäilen Album eran, an erweist esou dem Cédric nach emol déi lescht Éier.