Grand-Duc Henri iwwerreecht Fourragère als Symbol vun Zesummenhalt an Engagement
E Mëttwoch hat de Grand-Duc Henri seng lescht offiziell Visitt beim Corps grand-ducal d'incendie et de secours.
Am Centre national d’incendie et de secours huet hie bei enger feierlecher Zeremonie d'Fourragère un d'Rettungsdéngschter iwwerreecht – en neit Ofzeechen, dat an Zukunft all operationell Pompjeeën am Land un hirer Uniform droe wäerten.
Dës Auszeechnung ass méi wéi just e symbolesche Geste: si soll d'Leeschtungen an den aussergewéinlechen Asaz vun de Rettungsdéngschter zënter der Grënnung vum CGDIS den 1. Juli 2018 éieren. Zënterhier huet de Corps iwwer eng hallef Millioun Asätz gemaach. All siwe Sekonnen hëlt en Operateur am Centre 112 en Noutruff entgéint.
D'Fourragère selwer besteet aus enger geflechter Kordel mat fënnef Kniet, déi symbolesch fir déi fënnef Piliere vum CGDIS stinn: d'Gemengepompjeeën, d'Beruffspompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg, d'Pompjeeë vum Findel, de SAMU an d'Protection civile. Zwee kleng geflechte Kordele stellen d'Haaptmissioune vum CGDIS duer: "incendie & sauvetage" op där enger Säit a "secours à personne" op där anerer. Bei der Zeremonie goufen als symboleschen Akt zéng Exemplairen iwwerreecht, déi vum Groussherzog perséinlech iwwer déi riets Schëller vun de Rettungsleit geluecht goufen.
Nieft dem Groussherzog hunn och den Inneminister Léon Gloden an de CGDIS-Direkter Paul Schreider d'Wuert ergraff. An hire Rieden ass ënnerstrach ginn, wéi wichteg de CGDIS als nationalen Zesummeschloss vun alle Rettungsdéngschter ass a wéi dës Zentraliséierung d'Effizienz an d'Koordinatioun an de leschte Joren entscheedend verbessert huet. Den Inneminister huet besonnesch betount, wéi symbolkräfteg et ass, datt de Corps de "grand-ducalen" Numm dréit.
Zum Ofschloss huet de Groussherzog eng perséinlech Ried gehalen, an där hie wichteg Evenementer a Momenter aus deene leschte Joren ervirgehuewen huet an dem CGDIS fir säi wichtegen Engagement Merci gesot huet. Als Undenken un dës Zeremonie krut hien e Pompjeeshelm mat senge perséinlechen Initialen iwwerreecht.
Fir de CGDIS ass dëse Rendez-vous net nëmmen eng Zeremonie gewiescht, mä och e Bléck zeréck op d'Entwécklung vun de leschte Joren an eng Ausso iwwer déi grouss Erausfuerderungen, déi nach kommen: vum Klimawandel iwwer Naturkatastrophe bis hin zu Personalrestriktiounen. D'Fourragère soll dobäi als Symbol vun Identitéit a Kohesioun bannent de Rettungsdéngschter stänneg drun erënneren, datt hire gemeinsame Motto ëmmer gëllt: fir d'Leit am Land do ze sinn, wann all Sekonn zielt.