Et si schwéier Accusatiounen, déi sechs Mataarbechter aus engem fréieren indesch-nepaleesesche Restaurant zu Rodange géint hire Chef erhiewen.

Prozess ëm Mënschenhandel / Reportage Anne Wolff

Verbrennungen, Schléi mat Tandoori-Spiisser an Zoppeläffelen, de Chef R., deen engem Mataarbechter säin Aarm an den Uewe stécht, oder anere gliddeg Zooss iwwert d’Äerm an Hänn schëtt. Den Här R. a seng Fra sinn ugeklot wéinst Kierperverletzung a Mënschenhandel, dat am Zäitraum vun 2013 bis 2021.

De fréiere Kach vum Restaurant erzielt, wéi dem Ugeklote säi Papp him eng Aarbecht zu Lëtzebuerg proposéiert hätt. 15.000 Euro géif et kaschten, fir hei schaffen ze dierfen. Dat géif den Här R. iwwerhuelen, ma dofir misst de Mann 15 Méint ouni Pai am Rodanger Restaurant schaffen, just 200 bis 250 Euro Täschegeld gouf et. Duerno hätt de Patron zwar wéi am Aarbechtskontrakt festgehalen 2.000 Euro iwwerwisen, mee all d’Mataarbechter hätten dann de Groussdeel nees missten ophiewen, hie selwer hätt all Mount nees 1.300 Euro boer u säi Chef zeréck bezuelt, dee sot: "Ech hunn Iech aus dem Nepal heihi bruecht, dir wunnt jo bei mir."

Exploitatioun 

Gewunnt hätten d’Mataarbechter iwwert dem Restaurant, a schlechte Konditiounen. De fréiere Kach erzielt, dass se zu drëtt an zwee Zëmmer gelieft hunn, ouni Buedzëmmer. Si hätte sech mat engem Eemer am Gaart wäsche missen. Wéi hie sech beschwéiert hätt, hätt de Chef hie geschloen an en hätt missen am Gaart schlofen. D’Aarbechtszäite wiere vu 7 Auer moies bis 2 Auer Nuets gaangen: vu botzen, akafen, kachen am Restaurant iwwer Flyere verdeele wier ee fir alles zoustänneg gewiescht. Nuets hätt een dem Chef alt missen d’Féiss masséieren, mee och säin Auto oder seng Ënnerwäsch wäschen hätt zu den Aufgabe gehéiert.

De Mann hätt och Drock gemaach, dass dem Affer seng Fra nokënnt. Och si hätt fir 100 Euro de Mount am Restaurant geschafft, an hirer "Fräizäit" hätt se bei der accuséierter Koppel am Haushalt geschafft. "Ech hunn einfach gemaach, wat si gesot hunn, soss wiere mir op der Strooss gewiescht", erzielt d’Fra. Wéi vill genee hire Mann als Kach reell verdéngt hätt, konnt si net soen. Zum Schluss hätt si 700 Euro de Mount boer kritt. D’Geriicht hannerfreet, wie sech bei der groussen Aarbechtslaascht ëm déi zwee Kanner gekëmmert hätt, dee Moment 7 an 11 Joer al. "Ech konnt mech net ëm meng Kanner këmmeren", erkläert d’Fra ënnert Tréinen.

Gewalt an Demütegungen

De Chef hätt ëmmer e Grond gesicht, seng Mataarbechter ze schloen, an dat wier dem Kach no och all Dag virkomm, sief et och nëmmen, well se matenee geschwat hunn. Geschloen hätt hie mat metalle Kichegeschier op de Kapp, bis et blutt, oder gliddeg Zoossen iwwert Hänn an Ärem geschott. En hätt och alt engem Mataarbechter den Aarm an den Tandoori-Uewe gestach. Waasser drénke wier bei der Aarbecht verbuede gewiescht, sou hätt de Kach heiansdo d’Kondenswaasser vum Frigo gedronk.

Schonn um Dënschdeg hat de Geriichtsmedezinner verschidden eeler Blessuren un de sechs Affer festgehalen, dorënner verformten Oueren, Dellen an Narben um Kapp, Blessuren un der Schëller an Narben, déi net einfach vun engem Accident kéimen. Deemno wier déi Gewalt als Originne vun de Blessure plausibel.

Den Här R. hätt seng Mataarbechter awer och gedemütegt: zum Beispill hätt hie senger Fra gesot, si sollt op de Buedem späizen, an d’Mataarbechter hätten dat missten oplecken. D’Madamm R. hätt d’Mataarbechter selwer net geschloen, mee wann hire Mann et gesot hätt, och emol op si gespaut.

Kontroll

Den Här R. hätt seng Mataarbechter och am Familljeliewe kontrolléiert. En Handy dierften se net benotzen. Mat der nepaleesescher Communautéit zu Lëtzebuerg hätte se net schwätzen dierfen, wa se akafe goe wollten, hätten se misse Bescheed soen. Wa se op der Strooss aner Leit begéint wieren, hätten se erziele missen, wien dat war a wouriwwer geschwat gi wier. Wa seng Kanner de Chef net um Schoulwee begréisst hätten, hätt de Beschëllegten ugeruff a gesot, hie misst si schloen. "Ech hu misse meng eege Fra schloen", erzielt de Mann.

Bei administrativen Demarchen oder wann d’Mataarbechter op d’Bank gaange sinn, wier d’Madamm R. ëmmer matgaangen.

Plainte bei der Police

Als éischt hätt ee probéiert, de Problem iwwert eng Versammlung an der nepaleesescher Community ze léisen. Do hätt den Ugekloten dann och d’Doten zouginn. Effektiv existéiert bei der Police eng Audiodatei, an där eng Persoun sech entschëllegt. Dee Rot hätt finanziell Dedommagementer tëscht 2.000 a 37.000 Euro fir d’Affer festgeluecht. Ma d'Suen hätt een net gewollt, si wieren zu e puer bei d’Police gaangen, erzielt de fréiere Kach: "Ech hoffen, dass et Gerechtegkeet gëtt fir eis." Dat hätt allerdéngs fir Drock aus der nepaleesescher Communautéit gesuergt.

Ugekloten: Komplott vun der Konkurrenz

Déi ugeklote Koppel huet bei der Police all d’Reprochë vun sech gewisen. Si wieren Affer vun engem Komplott vun der Konkurrenz. Et géif net vill nepaleesesch Käch zu Lëtzebuerg, an esou hätten aner Restaurateure probéiert, hinnen d’Geschäft futti ze maachen an d’Personal ofzewerben. D’Koppel bedreift haut e Liewensmëttelgeschäft.

Um Prozess waren e Mëttwoch och Vertrieder vun der Mënscherechtskommissioun, a vum GRETA (groupe d’experts sur la lutte contre la traite des êtres humains) vum Conseil de l’Europe derbäi, déi d’Verhandlung suivéiert hunn.