Valentiny Foundation zu RëmerschenAbléck an dee kënschtlereschen Univers vum François Valentiny

Sandy Elsen
De François Valentiny ass weltwäit gefrot. Als Architekt huet hien net just d'Groussregioun gepräägt.
Abléck an dee kënschtlereschen Univers vum François Valentiny
De François Valentiny ass weltwäit gefrot. Als Architekt huet hien net just d’Groussregioun gepräägt.

Hien ass mat senge Bauten och a China, an den Emiraten oder a Südamerika vertrueden. Mat enger Ausstellung an der Valentiny Foundation zu Rëmerschen gëtt hien dem Public elo e perséinlechen Abléck an säi kënschtlereschen Univers.

Méi wéi 50 nei Molereien, Zeechnungen a Skulpture vum François Valentiny ginn et den Ament am Haus vu senger Fondatioun ze entdecken. Wierker, an deenen den Architekt a Moler mat Formen, Faarwen, Liicht a Stëmmunge spillt. Am Laf vun de Joerzéngten huet hie sech een immense Fundus un Iddien opgebaut.

Dat fräit Zeechnen, Molen a Sculptéiere befrucht dee kreative Prozess vu senger Aarbecht, ma virop stinn d’Wierker, déi doduerch entstinn, fir eng Befreiung vun den Oplagen an Aschränkungen, mat deenen hien dagdeeglech a sengem Beruff konfrontéiert ass.

Kuckt ee sech déi vill Wierker un, gëtt engem séier kloer, dass de François Valentiny ëmmer an Architektur denkt. Seng Inspiratioun zitt hien awer virop aus Andréck an Erfarungen.

Nach bis den 30. Juli kann een déi vill Wierker an der Valentiny Foundatioun bewonneren an och kafen.

De Verkaf vun de Wierker kënnt integral der Valentiny Foundation ze gutt. D’Zil vun dëser Fondatioun ass et, dat kulturellt Liewen an der Gemeng Schengen an der Groussregioun ze fërderen.

Back to Top
CIM LOGO