
Wéi et en Donneschdeg aus dem Trifolion vun Iechternach heescht, stinn elo déi éischt Acts fest: den däitsche Museker Adel Tawil an den däitsche Singer-Songwriter Clueso wäerte fir d’Ënnerhalung suergen. Béid Kënschtler trieden am Juli mat hiren neien Alben op.
Den Adel Twail steet en Donneschdeg den 20. Juli ëm 19 Auer virun der historescher Kuliss op der Bün, wärend de Clueso Sonndes den 23. Juli ëm déi nämmlecht Zäit spillt. Den Echterlive Festival 2023 gëtt a Kooperatioun mam Atelier organiséiert.
D’lescht Joer gouf et um Festival ënnert anerem Optrëtt vum Christophe Maé, dem Mariza an dem Pol Belardi.