
A wie kuckt net gären Owes e Film ënnert dem Stärenhimmel? Dat erméiglecht de City Open Air Cinema um Knuedler an der Stad. All Dag gëtt hei um 21.30 Auer op enger grousser Leinwand en anere Klassiker oder zäitgenëssesche Film gewisen. De geneeë Programm um Site vun der Ville de Luxembourg.
E Kino ënnert fräien Himmel gëtt et awer net nëmmen an der Stad, ma och déi 4. Editioun vum “Sunset Cinema” reest uechter d Land a bitt dem Public allerlee Filmer Owes. Wéini wéie Film leeft, fannt Dir um Site vum Sunset Cinema.

Ob Reggae, Punk, Jazz, Pop, Country, Elektro, Indie Pop oder Funky Rock, am Schlass zu Klierf ass am Kader vum Summer Music Festival fir jiddereen eppes dobäi. All Freideg a Samschdeg Owend stinn hei aner Artisten op der Bün. Organiséiert vun der Gemeng Klierf an dem Cube 521 hu si zesummen en ofwiesslungsräiche Programm opgestallt, deen Dir hei kennt fannen.

D’Gefill vu Vakanz a Strand kritt een op der Mëllerdall Plage déi éischt véier Weekender am August. Organiséiert vun Opyos Beverages an dem Touristcenter Heringer Millen, kann ee vu Freides bis Sonndes hei bei summerlecher Stëmmung säi Weekend genéissen. Nieft Cornhole Tournoie gëtt et och all Samschden Live Concerten, wéi zum Beispill vum Serge Tonnar, Sebastian Bungertan an All Reitz Reserved.

Den Afterwork SO SO Summer invitéiert op e kulturelle Feierowend an dat all Donneschden tëschent 17 an 22 Auer an dono op d’Afterparty an der Kantin. Organiséiert vum CNA kann een zu Diddeleng beim Waassertuerm a Pomhouse säi wuelverdéngte Feierowend mat Konscht a gudder Musek verbréngen. Wéini genau wat leeft fannt Dir hei.
Niewelaanscht kann een och dem Kay Walkowiak seng Expo “Traces of Time” kucken goen. Seng Wierker, eng Kombinatioun aus Fotografie, Film an Audio, stellen déi westlech Zäitvirstellung a Fro a kreéieren eng Aart Zäitkapsel vu Geschicht a Konscht. Dës Ausstellung leeft nach bis de 24. November.