RIPAm Alter vun 91 Joer ass de Kënschtler Fernando Botero gestuerwen
De Kolumbianer huet scho mat 12 Joer ugefaange mat molen an huet fréi Suen als Designer an Illustrator verdéngt.
Schonn an den 1950er Joren huet e säin eegenen, haut weltberüümte Stil fonnt. Säin Thema ass de Mënsch, dat mënschlecht Liewe mat all senge Facetten. E weist de mënschleche Kierper, grad ewéi all aner Formen, an iwwerdimensionéierte Proportiounen. All seng Figure sinn déck, bis ganz déck gehalen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.