Wat ass d’Geheimnis vun dëser Harmonie, déi een als Spectateur ze spieren kritt? Wéi gesäit hiren Alldag aus, wien ass fir hire Succès responsabel a wie verstoppt sech am Schied vun deenen, déi mer op der Bün ze gesi kréien?
Mir huelen iech mat Backstage hannert d’Kulisse vun dëser architektonescher Hüls an erklären, wéi esou een Orchester funktionéiert. Alles muss openeen ofgestëmmt sinn, esou sinn et déi Leit, déi am Schied schaffen, déi den Dram méiglech maachen, fir dass de Public de Concert herno genéisse kann.
Loosst iech entféieren an eng Welt, déi der bis ewell nach net esou erlieft hutt.