
D'Angélique Kidjo krut en Dënschdeg als éischt afrikanesch Sängerin ee Stär um berüümte "Walk of Fame" zu Los Angeles. Eng 2.850 Stäre gëtt et scho laanscht den Trottoir vum Hollywood Boulevard an der Vine Street.
An enger feierlecher Zeremonie krut déi 66 Joer al Musekerin, déi virun 10 Joer zesumme mam Lëtzebuerger Komponist Gast Waltzing ee Grammy an der Kategorie "World Music" gewonnen hat, hire Stär. Si huet et sech net huele gelooss, bei hirer Zeremonie selwer ze sangen.
Wärend der Zeremonie mat derbäi war ënnert anerem den US-amerikaneschen Acteur Willem Dafoe, deen och eng Ried gehalen huet. Si wier ganz ouni Zweiwel déi Fra am Showbusiness, déi am meeschte schafft, esou den Defoe.
"Mir Afrikaner sinn eis dacks guer net bewosst, wat mir der Welt ginn hunn", sot d'Kënschtlerin. "Ouni eis wär Musek op dësem Planéit guer net méiglech." D'Angélique Kidjo séngt an hire Mammesprooche Fon a Yoruba, genee wéi op Franséisch an Englesch. Nom Event huet si zouginn, bal "ze vill" Emotiounen zu hirer Éierung ze hunn - si kéint et nach net ganz gleewen.
De Gast Waltzing huet eréischt am Mee säi 70. Gebuertsdag gefeiert - an dat net ze knapps. An der Philharmonie war et eng grouss Feier vun der Musek ënnert dem Titel "Gast Waltzing and Guests". D'Angélique Kidjo, déi am ganze scho fënnef Grammy-Auszeechnunge gewonnen huet, war och an der Philharmonie opgetrueden, genee wéi de Kyle Eastwood, Jazz-Museker a Bouf vum berüümte Schauspiller Clint Eastwood.