Als éischt afrikanesch SängerinAngélique Kidjo kritt Stär um "Walk of Fame" zu Hollywood

RTL mat AFP
En Dënschdeg wäert d'Sängerin, déi aneren afrikaneschen Artistinnen op international Büne gehollef huet, zu Los Angeles geéiert ginn.
D'Angélique Kidjo virun der Zeremonie zu Los Angeles
D'Angélique Kidjo virun der Zeremonie zu Los Angeles
© ALISON BUCK/Getty Images via AFP

Als éischt afrikanesch Sängerin wäert d'Angélique Kidjo en Dënschdeg zu Hollywood mat engem Stär um berüümte "Walk of Fame" geéiert ginn. D'Artistin wäert bei der Zeremonie entouréiert si vum US-amerikaneschen Acteur Willem Dafoe an dem Chef vun de Grammys Harvey Mason, sou d'Organisateuren.

D'Kidjo, déi virun 10 Joer zesumme mam Gast Waltzing ee vun hire fënnef Grammys gewonnen huet, hätt dozou bäigedroen, de Wee fir afrikanesch Artistinnen op der internationaler Bün fräi ze maachen, heescht et vun der Chambre de Commerce zu Hollywood, déi d'Laureaten auswielt.

D'Sängerin, gebierteg aus dem Benin, huet sech der AFP géintiwwer iwwerzeegt gewisen, dass si net déi lescht afrikanesch Sängerin wäert sinn, déi mat esou engem Stär wäert ausgezeechent ginn a freet sech op d'Zeremonie.

Back to Top
CIM LOGO