
Wéi hei annoncéiert gouf, huet d’Band alleguerten seng Social-Media-Kanäl, also Instagram, Facebook an Twitter deaktivéiert. Och de Sänger a Bassist Chris #2 huet all seng sozial Kanäl geläscht.
Hei de Post op Patreon: „Anti-Flag has disbanded. the patreon has been switched into a mode where it will no longer charge the monthly fee. I will begin to process refunds to all patrons in the coming weeks. once all refunds are processed the patreon page will also be removed.”
Anti-Flag huet sech opgeléist. De Patreon gouf an e Modus versat, an deem de Fans kee Geld méi all Mount bezuelen. An den nächste Wochen wäerten all d’Patreons rembourséiert ginn. Wann dat geschitt ass, wäert och d’Patreon-Säit erofgeholl ginn.
Dëse Schratt kënnt extrem iwwerraschend am déi genee Hannergrënn si bis ewell nach net bekannt. Et besteet allerdéngs de Verdacht, dass d’Trennung vun der weltbekannter Punk-Band an Zesummenhang mat schwéiere Virwërf géint den Justin Sane, de Sänger a Gittarist, steet. An engem Podcast mam Numm “Enough” goufen Vergewaltegungsvirwërf géint de Sane bekannt. De Verdacht läit dowéinst no, dass déi iwwerraschend Opléisung eppes mat de Beschëllegungen ze dinn hunn.
D’Punk-Band Anti-Flag ass aus Pittsburgh, Pennsylvania an den USA a gouf am Joer 1993 gegrënnt. Zënter hier huet d’band 12 Studioalben erausbruecht. De leschten Album “Lies They Tell Our Children” ass eréischt Ufank vum Joer erauskomm.