“IV Seasons” heescht dës Ausstellung vum Lëtzebuerger Kënschtler Armand Strainchamps, dee bis zu sengem Doud am November 2023 déi Lëtzebuerger Konschtzeen ënnert anerem mat senge Wierker am Pop Stil markéiert hat. “IV Seasons” ass ee posthumen Hommage, deen de Public eng Selektioun vun deene leschte Wierker vum Armand Strainchamps entdecke léisst.
Verdeelt iwwer de Rez-de-chaussée an déi 3 éischt Etagen vun deem hellen an oppenen HELIX Gebai si ganzer 30 Toillen an eng Skulptur vum Armand Strainchamps ausgestallt. Ma déi véier Beem sinn et, déi den Toun vun der Ausstellung “IV Seasons” uginn. All Bam steet fir eng Joreszäit a gouf vum Kënschtler mat passende Fraeportraite kombinéiert.
A senge leschte Wierker erkennt een net just dem Kënschtler seng Leidenschaft fir d’Ästhetik an d’Spill mat intensive Faarwen, ma och seng Referenzen, vun der Pop-Art iwwer d’Gravure an d’Bande dessinée bis hin zum Kino.
Den Armand Strainchamps war, sou d’Danielle Igniti, een “touche à tout sans dieu ni maître”. Si kennt de Kënschtler schonn zanter Studienzäiten an hat och mat him u senger alleréischter Ausstellung zu Diddeleng geschafft.
Mat “IV Seasons” hunn d’Kënschtlerplattform Art Work Circle an d’Curatrice Danielle Igniti an Zesummenaarbecht mat der Post um Enn een Hommage un dem Armand Strainchamps säin Talent, säi Wierk a seng Liewensfreed kreéiert.
Nach bis de 25. Abrëll kann een d’Expo “IV Seasons"an d’HELIX Gebai op der Gare kucke goen. Dat vu Méindes bis Freides vun 10h bis 18h a Samschdes vun 10h bis 16h.
D’Entrée ass gratis, gréisser Gruppe solle sech awer am Viraus ënner heritage@post.lu fir eng Visitt umellen. De Groussdeel vun den ausgestallte Wierker steet iwwregens och zum Verkaf via Art Work Circle.
Am Kader vun dëser Ausstellung huet d’Post dann och eng exklusiv Serie vun 8 Timbere kreéiert, déi Wierker aus der Ausstellung “IV Seasons” weist. Kafe kann een dës op www.postphilately.lu
E Katalog vun der Ausstellung am HELIX Gebai gouf vum Fred Hilger publizéiert. Ee gudde Frënd vum Armand Strainchamps, deen 2020 och seng Monografie “Sightlines” editéiert hat.