Mer erliewe grad e rapiden Zerfall vun der traditioneller Parteie-Landschaft an Däitschland. Dass d'AFD ëmmer méi staark gëtt, wier net e Problem vun Demokratie, mä e Problem vu Representativitéit. Vill Leit géife sech duerch déi traditionell Parteien net méi representéiert fillen, nom Motto: "egal wien ech wielen, et ännert sech näischt".
Dat sot den Harald Martenstein e Méindeg an der Mëttesstonn an engem längeren Interview bei eis um Radio. Hien ass Auteur a Journalist a mat senge Meenungen net onëmstridden.
D'AfD wier kloer rietspopulistesch. Déi Stréimunge géif et awer mëttlerweil an all Land an der westlecher Welt ginn. E Verbuet vun der Partei wier dohier, genee wéi e Verbuet vun all aner Partei och, net sënnvoll. Domat géif een d'Demokratie amputéieren.
Invité vun der Redaktioun: Harald Martenstein