The Dead Don't Hurt - Offiziellen TrailerAvant-goût op den neie Film mam Vicky Krieps

Sandy Schmit
De Film vum Viggo Mortensen kënnt am Mee eréischt an de Kino. Wat Iech erwaart, kënnt Dir Iech scho mol am Trailer ukucken.

De brittesch-mexikanesch-dänesche Western mam Vicky Krieps an der Haaptroll war ënner anerem um LuxFilmFest presentéiert ginn. Bis ewell hunn also just d’Invitéeën an d’Organisateuren de Film “The Dead Don’t Hurt” vum Viggo Mortensen gesinn.

Fir déi, déi lo nach ongedëlleg sinn, déi kënne sech vun elo u mol schonn en Trailer ukucken.

“The Dead Don’t Hurt” handelt ëm eng dramatesch Geschicht, déi sech am Weste vun den USA an de 1860er Joren ofgespillt huet, an der Zäit vum amerikanesche Biergerkrich. D’franséisch Kanadierin Vivienne Le Coudy, déi vun der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps gespillt gëtt, verléift sech an den Dän Holger Olsen, deen an Nordamerika ausgewandert ass. Eng dramatesch Tournure kritt d’Libesgeschicht, nodeems den Holger an de Krich zitt an d’Vivienne zréckbleift.

Back to Top
CIM LOGO