Gleef dat net...!Awunner mat enger Expo iwwer Verschwierungstheorien a Fake News opklären

RTL Lëtzebuerg
Am Luxemburg City Museum gouf en Donneschdeg de Moien eng nei Ausstellung presentéiert.
Gleef dat net...!
Am Luxemburg City Museum gouf en Donneschdeg de Moien eng nei Ausstellung iwwer Verschwierungstheorien a Fake News presentéiert.

De Sujet ass ganz aktuell: Et geet ëm Verschwierungstheorien a Fake News. Et sinn Theorien, déi een zum Laache bréngen, et sinn der awer och, déi engem Angscht maache kënnen.

Déi nei Expo “Gleeft dat net...” bléckt zeréck an d’Zäit vum Mëttelalter, erkläert 9/11 an op Stoffer wéi Fluorid aus der Zännseef eis dann elo vergëften oder net. Relativ spontan dobäi koum awer de Raum iwwer de Coronavirus.

“Also das Thema Verschwörungstheorien, das war schon da und jetzt kommt die Coronakrise, die mit all diesen Unsicherheiten verbunden ist. Wir sind ja alle letztes Jahr in eine komplett unsichere Situation geworfen worden. Man wusste gar nichts über dieses Virus. Man wusste nicht, was es mit einem macht und wie man sich schützen kann. In solchen Zeiten extremer Verunsicherung, das ist natürlich ein idealer Nährboden für Verschwörungstheorien”, sou d’Gaby Sonnabend, Curatorin Lëtzebuerg City Museum.

© RTL

“Corona existéiert net”, “d’Regierung wëll eis alleguerte kontrolléierten” oder “de Bill Gates stécht dohannert": Dat sinn nëmmen e puer Verschwierungstheorië ronderëm de Virus an d’Pandemie. Fir de Luxemburg City Museum sinn dat ganz geféierlech Beweegungen, déi eng Gefor fir d’Demokratie an d’Gesellschaft duerstellen. Dofir wëlle si d’Expo notzen, fir d’Visiteuren opzeklären. An dat mat einfache Mëttelen: Fakten, Recherchen a Realitéit.

“Et ass am Fong wéi eng Impfung, déi Ausstellung. Et stäerkt eisen Immunsystem. Et geet drëms, fir den Visiteur och widderstandsfäeg ze maache géint déi verréckt Theorien, déi eben zirkuléieren”, sot den Dr. Guy Thewes, Historiker an Direkter Lëtzebuerg City Museum.

Et wéilt een domadder awer op kee Fall de kritesche Gedanken ënnerbannen:

“Jeder soll natürlich kritisch denken und hinterfragen ‘Wie gehe ich damit um, wie gehe ich mit meinem kritischen Geist um und wo recherchiere ich meine Quellen?’ Wir möchten eben auch ein bisschen den Hinweis darauf geben: Kuckt euch eure Quellen kritisch an. Glaubt nicht alles, was ihr irgendwo lest, sondern hinterfragt das und schaut: Ist das denn seriös?”, huet d’Gaby Sonnabend ënnerstrach.

D’Ausstellung ass och interaktiv. Et kann een zum Beispill e Quiz matmaachen, sech Zäit huele fir eng Verschwierungstheorie opzeschreiwen oder mam Propaganda-Guide iwwerpréiwen, ob eppes eng Informatioun oder Manipulatioun ass.

© RTL

Bis de Januar 2022 kann ee sech d’Ausstellung ukucken. De City Museum bitt awer och eng Visite guidée an 3 verschiddene Sproochen un.

Back to Top
CIM LOGO