ABBA is back togetherBand ass zeréck: Neien Album an nei Concerten annoncéiert

Kevin Kayser
"Haut gëtt Museksgeschicht geschriwwen" dat hat ABBA am Viraus schonn annoncéiert. An engem Livestream op Youtube gouf et en Donneschdeg Detailer

Schonn 2018 soll d’Band éischt Lidder opgeholl hunn an elo dësen Donneschdeg gouf dunn den neien Album wéi och eng nei Tour annoncéiert, dëst bal 40 Joer, nodeem d’Band mat hire Memberen Agnetha Fältskog, Anna-Frid Lyngstad, Björn Ulvaeus a Benny Andersson fir déi leschte Kéier zesummen opgetrueden ass.

Bis haut sollen déi Véier, déi als eng vun den erfollegräichste Band vun allen Zäite zielen, ronn zwou Milliarden Dollar mat hirer Musek gemaach hunn, dat schreift Forbes.

Ufank 2021 hat e Member vun ABBA confirméiert, datt een e puer Lidder opgeholl huet an dat dës nach “dëst Joer” sollen erauskommen. Via Twitter hat d’Band da méi spéit am Joer matgedeelt, datt een den 2. September 2021 net just beim Film Festival an hirem Heemechtsland Schweden géif present sinn, mä si hunn “ABBA Voyage” annoncéiert.

Déi schwedesch Erfollegsband gouf am Wues bei Madamm Toussauds veréiwegt.
Déi schwedesch Erfollegsband gouf am Wues bei Madamm Toussauds veréiwegt.
© Adrian DENNIS / AFP

Kuerz no 19 Auer um Donneschdeg den Owend gouf dann offiziell annoncéiert, datt d’Band zeréck zesummen ass, en Album opgeholl huet, e Concert zu London plangt an dono och eng Tour. Dat hunn de Björn an den Benny am grousse Abba Voyage-Livestream annoncéiert. Den Album soll de 5. November erauskommen.

Op hire Concerte soll d’Band als “digital Figuren” ze gesi sinn. Zu London gouf extra fir dëse Concert mat den “ABBAtars” eng eegen Arena gebaut.

Back to Top
CIM LOGO