No Reprochë vu sexuellen IwwergrëfferBerliner Parquet stellt Enquête géint Rammstein-Sänger Till Lindemann an

RTL Lëtzebuerg
No der Auswäertung vun de Beweiser wier de Verdacht géint de Museker net staark genuch, fir an der Affär weider ze ermëttelen.
© MALTE KRUDEWIG DPA dpa Picture-Alliance via AFP

Ugangs Juni haten eng Partie Frae Reprochë géint de Sänger Till Lindemann vun der däitscher Band Rammstein erhuewen. Si haten him reprochéiert, hinnen Droge ginn a sech duerno sexuell un hinne vergaangen ze hunn.

De Parquet vu Berlin hat doropshin eng Enquête géint de Sänger an d’Weeër geluecht. Ma wärend dëser hätten d’Reprochë géint de Sänger sech net konkretiséiert, heescht et vum Parquet. Ee vun de Probleemer, op deen d’Ermëttler wärend der Enquête gestouss wieren, wier de Fait, dass vill vun de presuméierten Affer sech net un d’Enquêteuren, mä u Journaliste geriicht hätten. Dës hätte sech wärend der Enquête op de Quelleschutz beruff, fir net mussen auszesoen.

D’Aussoe vun enger bekannter Youtuberin, déi och Reprochë géint de Lindemann erhuewen hat, wieren net konkret genuch gewiescht. Dat well si net vun eegene strofrechtlech relevanten Erliefnisser erzielt hat.

De Fait, dass de Parquet d’Enquête géint den Till Lindemann esou séier agestallt huet, géing weisen, dass et keng Indicë fir d’Ausübe vu Sexualstrofdote géint hire Mandant géing ginn, heescht et vum Affekote-Cabinet Schertz Bergmann, deen de Sänger vertrëtt.

Back to Top
CIM LOGO