HollywoodBob Odenkirk mat Stär um Walk of Fame geéiert

RTL Lëtzebuerg
De Schauspiller Bob Odenkirk ass virun allem duerch d'Fernseeserie "Breaking Bad" an "Better Call Saul" bekannt.

E Méindeg ass den US-Schauspiller Bob Odenkirk zu Los Angeles mat engem Stär um weltbekannten Hollywood Walk of Fame geéiert ginn. Den 59 Joe alen Odenkirk ass engem méi breede Public virun allem duerch seng Roll als Affekot an de Serie “Breaking Bad” a “Better Call Saul” bekannt.

Bei der Zeremonie sot den Acteur, hie wier iwwerrascht, datt him déi grouss Éier zu Deel gëtt, sech de Walk of Fame vun elo u mat e puer vu sengen Idoler deelen ze duerfen. Obschonns hien normalerweis éischter de Geck mat der Glitzer- a Glamourwelt maache géing, wier d’Filmgeschäft trotzdeem eng wonnerbar Branche. “Ech sinn ëmmer dankbar, wann ech Geschichten erziele kann an en Deel dovu sinn”, sou de Schauspiller.

Back to Top
CIM LOGO