Am Alter vun 91 JoerBrigitte Bardot: D'Ikon vum franséische Kino ass gestuerwen

Andy Brücker
Gebuer 1934 zu Paräis, huet si an den 1950er Joren d'Filmwelt op d'Kopp gedréint.
D'Brigitte Bardot ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen
Gebuer 1934 zu Paräis, huet si an den 1950er Joren d’Filmwelt op d’Kopp gedréint.

Mat Et Dieu… créa la femme (1956) ass si zur Muse vun enger ganzer Generatioun ginn, eng Fra, déi Fräiheet a Provokatioun verkierpert huet. Filmer wéi Le Mépris vum Jean-Luc Godard oder La Vérité hunn hiert Talent a Charisma vereent, an hiren Numm ass zum Synonym fir Glamour an Onofhängegkeet ginn. Hire Liblingsfilm wier “L’Ours et la poupée” sot si weider an deem Interview op der franséischer Chaîne BFM. Ma dee géing awer bal ni gewise ginn, hat si bedauert. Si hätt sech allgemeng dacks net verstane gefillt. An iwwer 50 Filmer huet si matgespillt.

Si war véier mol bestuet:

  • 1952 bis 1957 mam Roger Vadim (franséischen Filmregisseur, Auteur, Produzent a Schauspiller)
  • 1959 bis 1962 mam Jacques Charrier (franséische Schauspiller, Produzent, Moler a Kënschtler an der Keramik)
  • 1966 bis 1969 mam Gunter Sachs (däitsch-schwäizer Fotograf, Auteur, Konschtsammler, bekannt aus dem Jet-Set)
  • 1992 bis elo mam Bernard d’Ormale (franséische Geschäftsmann)

Um Héichpunkt vun hirer Karriär huet d’Brigitte Bardot 1973 e radikale Schrëtt gemaach: si huet d’Filmwelt hannert sech gelooss, fir sech ganz dem Déiereschutz ze widmen. An Interviewen hat si gesot, dass si de Film wéilt verloossen, ier de Film si verléisst. Mat der Grënnung vun der Brigitte Bardot Foundation ass si eng kämpferesch Stëmm fir d’Wuel vun den Déiere ginn – eng Missioun, déi si bis zu hirem leschten Dag mat Leidenschaft verfollegt huet. An deem Kader hat si och de franséische President Macron getraff an ënnert anerem gefuerdert, dass kee Päerdsfleesch méi sollt giess ginn.

Trotz Kontroversen an heftege gesellschaftleche Debatten ass d’Brigitte Bardot eng Symbolfigur bliwwen. Besonnesch déi lescht Jore vun hirem Liewen huet d’Brigitte Bardot ganz bescheide verbruecht.

An de leschte Wochen hunn ëmmer erëm Falschmeldungen iwwer hire vermeintlechen Doud d’Ronn gemaach, déi si selwer op sozialen Netzwierker dementéiert huet.

Um 28. Dezember 2025 koum elo awer de Pressecommuniqué, dass si am Alter vun 91 Joer an hirer Villa zu Saint-Tropez gestuerwen. Mat hir geet eng Fra, déi d’Kino-Ära vun den 1960er Joren gepräägt huet an duerno eng nei Roll als Aktivistin iwwerholl huet.

Back to Top
CIM LOGO