
De Musée verklot ee laangjärege Mataarbechter, dee verdächtegt gëtt, iwwer 1.800 Artefakten aus dem Musée iwwer ronn 10 Joer geklaut ze hunn, fir se dann am Internet ze verkafen. D’Affekote geheien him vir, seng “Vertrauenspositioun mëssbraucht” ze hunn an antik Edelsteng a Goldbijouen aus dem Lager geklaut ze hunn. Eng Londoner Riichterin huet ugeuerdent, datt de fréiere Kurator vum Musée bannent den nächste véier Wochen all d’Géigestänn entweder zeréckginn oder oplëschte muss. Den Ex-Mataarbechter muss ausserdeem seng Aktivitéiten op de Plattformen Ebay an um Bezuelungsdéngscht Paypal oppeleeën.
D’Affär ronderëm déi verschwonnen Artefakte war am Summer 2023 opgeflunn. De Mann hat zwee Joerzéngte laang an den Departementer fir griichesch a réimesch Konscht geschafft, ier hien am Juli zejoert entlooss gouf, nodeems opgefall war, datt an der Kollektioun eng 1.800 Objete gefeelt hunn. Nom Skandal huet den Direkter vum British Museum, den Hartwig Fischer, säin Hutt missen huelen.