
Am Kader vun Esch 2022 mécht de CNA en Hommage un de Süde vum Land mam Projet “Our archive. your story”. D’Zil vum Projet ass et, d’Leit ze sensibiliséieren an op de groussen audiovisuelle Patrimoine vum CNA opmierksam ze maachen. Dofir ass de Projet a 7 Voleten opgedeelt a wäert iwwer eng laang Zäit present sinn.

E spezifeschen Internetsite ass entstanen, fir en Abléck an e klengen Deel vum CNA sengem Archiv ze ginn.
nullDe CNA geet awer och op den Tour a suivéiert d’Programmatioun vun Esch 2022, an dat a 6 verschidde Gemengen iwwert d’Joer. Hei sinn eng Serie vun Evenementer geplangt, fir och ënner anerem nei Fongen ze sammelen. Mam pedagogeschen Deel “What’s your story?” geet et drëm jonke Leit d’Wichtegkeet vun engem Archiv an der kollektiver Memoire méi no ze bréngen.
Fir de Programm vum breetgefächerte Projet ze komplettéieren, kann een dann och nach d’Ausstellung “Stëmme vun der Schmelz” an d’Pomhouse kucke goen. Dëst ass en Hommage un d’Schmelz Aarbechter. Eng Expo, déi an Zesummenaarbecht mam Kënschtler Misch Feinen an der Bünebildnerin Anouk Schiltz realiséiert ginn ass.
Den 21. Abrëll geet d’Expo “Nos coups de coeur” am Display01 op, wou déi perséinlech Coup-de-coeure vum Personal vum CNA presentéiert ginn. Dat Ganzt gëtt dann nach begleet vum Geneviève Mersch hire Kuerzfilmer “Komm...ech filmen dech!”
Den 23. Abrëll kann een un engem Atelier deelhuele mam Titel “Youth Corner Photo”, wou et drëm geet déi kulturell Identitéit mat Hëllef vun der Fotografie z’entdecken. De Fokus läit hei op den Autoportraite mat deene Foto-Ccollage realiséiert ginn. De Workshop gëtt vun der Fotografin Severine Peiffer begleet.
All d’Evenementer vum Projet “Our archive.your story.” fënnt een um Site vun Esch 2022:
Et ass déi 15. Editioun vum “Printemps des poètes”, déi den 22. Abrëll mat engem Orchester am Neimënster ageweit gëtt. D’Evenement steet fir d’multilinguaalt Lëtzebuerg an ass e wichtege Rendez-vous fir d’Zeen vun de Poeten. D’Thema vun dësem Joer ass “L’éphémère” a weist déi verschidden Approchen, Stilrichtungen a Stëmmunge vun de Poeten. D’Poesie kann immens facettëräich sinn a weist, datt se grad an enger Zäit vu Krise seng wichteg Plaz huet. 9 Poeten aus Europa, dorënner Italien, Frankräich, Portugal an Éisträich, sinn dëst Joer dobäi. De Festival bedeit 3 Deeg Renconteren an Echange mat de Poeten, déi och emol vu Museker a Performance kënne begleet ginn. D’Liesunge sinn an der Originalsprooch an ginn op franséisch, däitsch an englesch iwwersat.

Déi grouss Nuecht vun der Poesie ass an der Galerie Schlassgoart zu Esch bei Geleeënheet vun der Kulturhaaptstad. Ofgeschloss gëtt de Festival dann a Form vun engem poetesche Moien an der Galerie Simoncini an der Stad. De ganze Programm vum “Printemps des poètes” fënnt een op hirem Site:

Am Kader vun Esch 2022 an der 10. Editioun vum LiteraTour kann een eng Ausstellung entdecken, wou Literatur a Konscht openeentreffen. Den Auteur Pit Hoerold an de Kënschtler Fernand Rollinger hu sech dofir zesummen engem gemeinsame Projet mam Titel “LIT meets ART” gewidmet. Dem Pit Hoerold säin neit Buch “In alle Winde zerstreut” gëtt hei virgestallt a mat Pobeier-Aarbechte vum Fernand Rollinger komplettéiert.
De Vernissage vun der Ausstellung ass den 22. Abrëll an der Galerie Maggy Stein am Beetebuerger Schlass. An d’Ausstellung ass dann nach bis den 9. Mee op. Wärend der Ausstellungszäit ginn hei och Grafik- an Literaturatelieren ugebueden.
“Erop” ass en Theaterstéck vum Romain Butti, dee gefrot gi war, e Monolog op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Am Zentrum vun “Erop” steet e Mann, dee sech am Lockdown mat ville Froen a mat all de Pläng befaasst, déi geplatzt sinn, sou och de grousse Roadtrip mat sengem Léifsten, dee wäit fort ass a net heem kann. Eng Rees, déi reell ass, awer och d’Grenzen zur Fantasie sprengt. Fir de Monolog op d’Bün ze bréngen, ass de Fabio Godinho als Regisseur gefrot ginn an op der Bün steet de Schauspiller Raoul Schlechter.

« Erop befaasst sech mat dem Waarden op e Liewe voller Léift a mat der Sich no enger Zäit, déi kee virdefinéiert Enn huet. Et ginn d’Froe gestallt, ob et nach e Wäert huet, groussaarteg ze plangen oder sech anzeloossen mat Leit.
E Mann spadséiert iwwert e Pad op eng roueg Plaz an der Natur, wou hie meditéiert. An dësem Sanktum befaasst hie sech mat ville Froen a mat all de Pläng, déi geplatzt sinn, sou och de grousse Roadtrip mat sengem Léifsten, dee wäit fort ass a net heem kann. Vun de ville Momenter an enger Léift, déi een nëmmen nach schwéier kann deelen, iwwert déi stëll Momenter, an deenen ee just op sech selwer lauschtert an ufänkt seng Ëmwelt anescht wouer zu huelen, bis zu deem Moment, wou d’Dir um Flughafen op geet an hie säi Léifste rëm an den Aarm kann huelen. Mat Erop gëtt sech op gläich e puer Momenter am Monolog bezunn, an deenen de Spriecher “eropkuckt” a seng Ëmwelt a sech selwer anescht oder nei wouer hëlt. » (Romain Butti)
Gespillt gëtt vum 21. - 27. Abrëll am Kulturhaus zu Miersch
