“Schlecht” sou de Michel Welter, Direkter vun A-Productions. “Well mer Passionéierter sinn. Mir maachen ons Aarbecht ganz gär. Mir schaffen immens gären. Forcéiert, net ze schaffen, dat lieft sech manifestement net ganz gutt. Mir hunn am Summer nach probéiert, Alternativen unzebidden. Wéi mat der Carena zu Péiteng, oder am Hierscht mat confinéierte Concerten op der Schmelz an am Atelier. Déi sinn och iergendwann eng Kéier gebremst ginn.”
D’lescht Joer huet den Atelier 130 Concerten organiséiert. Héichpunkt war ouni Zweiwel den Optrëtt vu Rammstein mat 19.000 Fans. Dëst Joer ass de Compteur bei 21 Concerte stoe bliwwen. Soss ginn am Büro an der Hollerecher Strooss Artiste gebucht. Den Ament gëtt een Datum nom aneren verluecht.
“Mir schaffen op 6 - 7 - 8 Méint am Viraus. Fir dat mer erëm kënne prett sinn, wann et erëm méiglech ass, ze schaffen. Fir de Jour J.”
D’Concertssäll si wuel bei de Leschten, déi nees opspäre wäerten. Den Open-Air-Summer bleift en Hoffnungsschimmer. Seed, Fanta 4... d’Tickete verkafe sech.
D’Joer 2020 wäert awer generell a ganz Europa Spuren an der Museksindustrie hannerloossen. Konkreet ass beim Atelier, praktesch dem eenzege privaten Acteur an enger ganz vun Ëffentlech-Rechtlechen-Institutiounen gepräägter Lëtzebuerger Kultur-Landschaft, den Ëmsaz dëst Joer ëm 87 Prozent agebrach.
“D’Hëllefen, déi mer kréien, sinn immens wichteg. De Chômage ass absolut dat Wichtegst, wat mer bis elo kréien. Ouni déi Hëllef, mengen ech, wier et absolut net drobar, sou eng Firma iwwer Waasser ze halen. Déi Aarbecht, déi mer virgeleescht hunn, an de leschten 2 bis 3 Joer, déi erlaabt ons elo, ech hoffen op alle Fall, iwwer déi Zäit hei ze kommen.”
Wéini Artisten oder Bands wéi One Republic, Deep Purple, Simply Red nees hei zu Lëtzebuerg optrieden, hänkt net just vun nationale Bestëmmungen of. Artiste vun deem Kaliber ginn op Europa-Tournée. Do brauchen d’Agente Planungssécherheet, wäit iwwer d’Grenze vum Grand-Duché eraus.
“Am Eck stoen a soueren, ass net eise Styl. Mir wäerten op kee Fall opginn” , sou de Michel Welter.
Ass Shoppe méi wichteg, wéi Kultur? Iwwerdeems Butteker bis ewell opbleiwen dierfen. D’Kulturministesch Sam Tanson sot e Samschdeg de Mëtteg um Radio an der Emissioun Background: si géif et immens bedaueren, datt vill Kulturhaiser kee Public méi dierfen empfänken. Ma d’Kris misst gemeinsam gestëmmt ginn, an all Secteur deemno Aschränkungen agoen. En Donneschdeg goufen déi finanziell Aiden ugepasst, esou datt och privat Concertshaiser elo eligibel fir Hëllefe sinn.