Am Alter vun 83 JoerDäitsche Realisateur an Ikon vun däitscher LGBTQIA+-Beweegung Rosa von Praunheim gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Stern mellt, ass de Rosa von Praunheim zu Berlin gestuerwen, nodeems e sech just virun e puer Deeg bestuet hat.
© dpa Picture-Alliance via AFP

Den Holger Radtke, wéi de Rosa von Praunheim mat biergerlechem Numm geheescht huet, hat e Freideg op Instagram matgedeelt, datt e säi Partner Oliver Sechting bestuet hat.

De Rosa von Praunheim hat wärend senger Karriär iwwer 150 Long- a Court-métragë gedréint. Hien huet als Ikon vun der däitscher LGBTQIA+-Beweegung gegollt an uganks vun de 70er Joren de Sujet vun der Homosexualitéit eng éischte Kéier an den ëffentlechen Discours bruecht. Fir vill Opmierksamkeet hat 1991 en Interview mat him an der RTL-Emissioun “Explosiv - Der heisse Stuhl” gesuergt, an där hien de Moderator Alfred Biolek an den Entertainer Hape Kerkeling indirekt als schwul geoutet hat.

Back to Top
CIM LOGO