Danielle Igniti steet fir d’Lëtzebuerger Kulturzeen – iwwert déi lescht Joerzéngten huet si virun allem am Minett mat zur Entwécklung vun der Lëtzebuerger Konschtzeen bäigedroen. Mëttlerweil ass si pensionéiert an huet hire Posten am Kulturzenter “Opderschmelz” an de “Centres d’Arts” zu Diddeleng ofginn. D’Passioun fir d’Konscht ass awer bliwwen a vun dohier hu mir si bei hirer Aarbecht als Curatrice zu Arles begleet.
Artbox reloaded: Episod 2 mam Sascha Ley Artbox reloaded: Episod 3 mam Bernard MichauxArtbox reloaded lo am Summer, sonndes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu an op RTL Play.