
Bei dësem Literaturpräis kënne jonk Leit an zwou Alterskategorië matmaachen, tëscht 12 a 17 Joer an tëscht 18 a 26 Joer.
Ugeholl ginn Texter, déi nach néierens editéiert goufen, op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch. Och de literaresche Genre ass dem Auteur iwwerlooss.
Bei de véier éischten Editiounen hunn 298 Auteuren 554 Texter erageschéckt.
Déi beschten Texter, déi online kënne consultéiert ginn, gi vun engem Jury fir d’Finallen ausgewielt. D’Finalisten hu bei de Live-Liesungen all Kéier 7 Minutten Zäit fir hiren Text viru Publikum ze presentéieren.
D’Finalle sinn den 27. Abrëll 2019 (Kategorie 12-17 Joer) an den 28. Abrëll 2019 (Kategorie 18-26 Joer) all Kéier am Café littéraire (37, route d’Esch zu Beetebuerg) tëscht 14h30 an 18h00.
Dono ginn de Prix Laurence (Jury-Präis) an de Publikumspräis an all Kategorie iwwerreecht.
D’Texter solle bis den 18. Mäerz eragereecht ginn.
