Et geet an d'zweet Ronn!D'Ausstellung "Pure Europe" am Lëtzebuerg City Museum

RTL Lëtzebuerg
D'Ausstellung gouf d'lescht Joer fir d'éischte Kéier am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an der Möllerei um Belval gewisen.
D'Ausstellung "Pure Europe" am Lëtzebuerg City Museum
D’Ausstellung gouf d’lescht Joer fir d’éischte Kéier am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an der Möllerei um Belval gewisen.

Wéi den Titel et scho seet, behandelt d’Expo d’Thema “Europa”. Mä wat genau ass Europa? E Kontinent, eng Institutioun, eng Iddi? A wee sinn d’Europäer? Dat sinn déi initial Froen, déi unhand vu 6 Stereotyppe ronderëm Europa developpéiert ginn: national, al, kultivéiert, wäiss, räich a chrëschtlech.

Dës Stereotyppe ginn duerch déi ganz Expo op ënnerschiddlech Manéieren opgeschafft - sief et duerch Fotoen, Videoen, Statistiken, déi dräi-dimensional visualiséiert goufen, Géigestänn, déi mir alleguer kennen an am Alldag benotzen, an och duerch participativ Aktivitéiten, wéi zum Beispill hire Kreativ-Workshop, deen zu all Moment fir d’Visiteuren op ass a wou si hir Meenung zum Thema “Europa” op eng kreativ Manéier kënnen zum Ausdrock bréngen.

“D’Ausstellung ass eng Ausenanersetzung mat ‘Europa’ iwwer verschidde Perspektiven a virun allem vun engem permanente Perspektivewiessel”, erkläert de Pit Péporté, Curateur vun “Pure Europe”.

“D’Iddi ass, dass de Visiteur sech mat sengen eegene Virurteeler kann ausenee setzen, andeems e laanscht déi verschidde Perspektive geet. Dowéinst huet d’Ausstellung probéiert een nuancéierte Bléck op dat ‘Europa’ ze werfen an natierlech net d’Äntwerte scho virzeginn. Et ass an deem Zesummespill vun de Perspektiven, dass de Visiteur sech selwer kann a soll e Bild maachen.”

D’Ausstellung “Pure Europe” leeft nach bis den 12.Januar 2025. Méi Informatioune fënnt een hei.

Back to Top
CIM LOGO