An d’Majoritéit vum Line-Up ware bekannte Gesiichter aus der Lëtzebuerger Musekszeen.
De Last Summer Dance Festival gëtt zanter 2013 organiséiert a soll virun allem lokale Museker eng Bün ginn, fir hir Passioun ze deelen. Wéinst der Pandemie konnt de Festival d’lescht Joer net ofgehale ginn. An och dëst Joer hu si sech ëmmer rëm mussen adaptéieren, wéi d’Ekipp eis an engem Interview matgedeelt huet.
Am Endeffekt war de Festival e Covid-Check-Event, wat iwwer dräi Deeg gaangen ass. Am Ganze goufe ronn 900 Tickete fir déi dräi Deeg verkaf. E Resultat, mat deem d’Ekipp vum Last Summer Dance Festival immens zefridde wier.
Ugebuede goufen 2 Workshoppen an 12 Concerten, wouvunner der 11 vun nationale Kënschtler waren. Jambal, Culture The Kid, Josh Island, Dessy Mesk, CHAiLD an de Maale Gars sinn nëmmen e puer Nimm, déi een um Line-Up konnt fannen. Eng gelonge Mëschung, déi de Public siichtlech genoss huet.