D’Maîtrise Sainte-Cécile aus der Notre-Dame Kathedral kuckt op eng laang Geschicht zréck. Virun 3 Joer hu si hiren 175 Gebuertsdag gefeiert an nach haut zielt een eng ronn 50 permanent Memberen. An et kommen ëmmer nees Neier bei.
All Mëttwoch treffe si sech hannert der Kathedral, nieft der Entrée fir an d’Krypta, fir ze prouwen an do kann et scho mol haart ginn. 50 Stëmmen, déi zesummen sangen, déi musse perfekt mateneen harmonéieren, fir dass et duerno gutt kléngt.
Ganz speziell ass et fir si, dass si net an egal wéi engem Chouer sangen, mä an deem vun der Kathedral. Do begleede si net nëmmen d’Massen, mä virun allem och wichteg Staatsevenementer, wéi zum Beispill den Te Deum, Hochzäite vum Haff oder och Staatsbegriefnesser. Et ass eng Éier, fir do dierfen ze sangen an dofir hu si och bis haut kee Problem nei Memberen ze fannen.
Natierlech hu si e grousse Repertoire un traditioneller Kierchemusek, mä et ginn och ëmmer nees méi modern Stécker integréiert. Och vill Jonker, déi zum Beispill nach an hirer Ausbildung zum Museker sinn, melle sech bei hinnen, fir matzemaachen.