Eent vu ville Museksevenementer, déi eis duerch de CovidCheck-System ee klengt, awer wäertvollt Stéck Normalitéit zeréckginn. Um Dënschdeg den Owend ass deen international gefeierten däitsche Reggae-Museker Gentleman opgetrueden – ee vun am Ganzen 13 Acts.
Mat engem Ticketspräis vun 12 Euro wollt d’Stad Lëtzebuerg jiddwerengem d’Méiglechkeet bidden, fir endlech nees an de Genoss vun engem authentesche Concertserliefnis ze kommen. Och wann d’Plange vun de Concerte fir d’Co-Organisateure vum Atelier mat vill Stress verbonne war, ass ee frou, erëm voll an Aktioun ze sinn.
De Reggae-Museker Gentleman hat kee Moment gezéckt, fir seng Zouso ze ginn. Hie war glécklech, endlech nees kënnen no u sengem Public ze sinn.
Nach bis e Freideg inclus kann een um Glacis an de Genoss vun enger flotter Festivalstëmmung a gudde Vibes kommen.
En Donneschdeg hunn “De Läb“ an deen däitsche Rapper “Sido” hiren Optrëtt. E Freideg ass et dann um Nicool mam Maale Gars an ofschléissend um Rapper MAJAN.