
Och een zweete Versuch, fir déi technesch Pann ze behiewen, blouf ouni Erfolleg. De Rapper a seng Ekipp hate keen Ersatzcomputer derbäi. Déi 1.000 Leit am Stater Atelier goufe mat gratis T-Shirte vertréischt.
De Marteria an och den Atelier hunn um Méindeg op Instagram annoncéiert, datt de Concert dëse Freideg nogeholl gëtt. D’Tickete bleiwe valabel. Leit, déi deen Dag keng Zäit hunn, gi rembourséiert.