De Kampf ëm de PublicDe Festival zu Avignon verlaangt alles vun de Kënschtler

Sandy Elsen
Et ass ee vun de weltwäit gréisste Festivalle fir duerstellend Konscht. Den Off-Festival vun Avignon.
De Festival zu Avignon
Den Theater an Danzfestival vun Avignon gehéiert zu de gréisste Festivallen an deem Genre op der Welt.

Entstanen 1966 ëm dee sougenannten In-Festival.

Zanter gutt zwou Woche gëtt a Südfrankräich nees ëm d’Wett gespillt, gedanzt, gesongen a rezitéiert. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees mat véier Produktiounen aus der offizieller Selektioun um Festival vertrueden, dorënner “Corps au bout du monde” vu Maskenada an “GO!” vun der Compagnie Corps In Situ.

Am Reportage hu mer d’Lëtzebuerger Kënschtler begleet a gesinn, wie si dëse grousse Festival erliewen. Stress, Spaass a Passioun fir d’Konscht. De bekannte Festival zu Avignon verlaangt alles vun de Kënschtler.

Back to Top
CIM LOGO