Golden GlobesDe Film „Nomadland" gouf als beschten Drama priméiert

RTL Lëtzebuerg
Den zweete Borat-Film gouf als bescht Komedie ausgezeechent. De Sacha Baron Cohen krut fir déi Roll och e Golden Globe als beschte Komedie-Acteur.
Golden Globes 2021
Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune waren an der Nuecht op e Méindeg fir e Golden Globe nominéiert.

Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune waren an der Nuecht op e Méindeg fir e Golden Globe nominéiert, souwuel an der Kategorie beschten auslännesche Film wéi beschten Animatiounsfilm. Weder de ganz beréierenden Drama “Deux” vun Tarantula nach de fantastesche “Wolfwalkers” vu Mélusine Production goufen awer schlussendlech ausgezeechent.

Et war déi 78. Editioun vun de Golden Globe Awards, déi an der Nuecht op e Méindeg simultan zu New York an zu Beverly Hills vun der auslännescher Press organiséiert gouf. Et war eng Zeremonie, déi ganz am Zeeche vun der Diversitéit an dem Engagement stoung. Presentéiert vum Tina Fay an dem Amy Poehler war et deemno eréischt fir d’zweet an der Geschicht vun de Globes, datt eng Fra, an zwar d’Chloe Zhao, de Präis vun der beschter Realisatrice fir den Independant-Film “Nomadland” konnt gewannen.

“Nomadland” erzielt d’Geschicht vun enger Fra gespillt vum Frances McDormand, déi nom ekonomesche Ruin vun der Aarbechterstad, an där si gelieft huet, sech dofir entscheet, en Nomadeliewen ze féieren an op Entdeckungsrees uechter Amerika mat hirem Van ze fueren. Dëse Film, deen iwwregens en Donneschdeg als Ouverture vum Luxembourg City Film Festival presentéiert gëtt, huet och de wichtegste Präis vum Owend gewonnen an zwar dee vum beschten Drama.

Als bescht Schauspiller an dëser Kategorie goufen déi afroamerikanesch Actrice Andra Day fir hir Roll am “The United States vs Billie Holiday” an de kierzlech verstuerwenen Chadwick Boseman fir “Ma Reiny’s Black Bottom” ausgezeechent an et war dem Black Panther seng Fra, déi de Präis fir hien entgéintgeholl huet.

Disney konnt sech de beschten Animatiounsfilm mam existenzielle “Soul” sécheren an de beschten auslännesche Film goung u “Minari”, andeem eng südkoreanesch Famill sech am Arkansas nidderléisst.

Am Beräich vun de Serien huet Netflix dominéiert. D’Saga ëm den engleschen Haff “The Crown” an de Schach-Drama “The Queen’s Gambit” konnte 5 Globes an de verschiddenste Kategorien ofraumen.

Mat 42 Nominatioune war d’Streaming-Plattform Netflix scho virun der Zeremonie de grousse Favorit vun dësem Evenement. Mat 10 Golden Globes ware si och no der Präisiwwerreechung ouni Zweiwel de grousse Gewënner.

Iwwersiicht vun de Resultater

- FILM -

Best film, drama: “Nomadland”

Best film, musical or comedy: “Borat Subsequent Moviefilm”

Best director: Chloe Zhao, “Nomadland”

Best actor, drama: Chadwick Boseman, “Ma Rainey’s Black Bottom”

Best actress, drama: Andra Day, “The United States vs Billie Holiday”

Best actor, musical or comedy: Sacha Baron Cohen, “Borat Subsequent Moviefilm”

Best actress, musical or comedy: Rosamund Pike, “I Care A Lot”

Best supporting actor: Daniel Kaluuya, “Judas and the Black Messiah”

Best supporting actress: Jodie Foster, “The Mauritanian”

Best foreign language film: “Minari”

Best animated feature: “Soul”

- TELEVISION -

Best drama series: “The Crown”

Best drama actor: Josh O’Connor, “The Crown”

Best drama actress: Emma Corrin, “The Crown”

Best musical or comedy series: “Schitt’s Creek”

Best musical or comedy actor: Jason Sudeikis, “Ted Lasso”

Best musical or comedy actress: Catherine O’Hara, “Schitt’s Creek”

Best supporting actor: John Boyega, “Small Axe”

Best supporting actress: Gillian Anderson, “The Crown”

Best limited series or TV movie: “The Queen’s Gambit”

Best limited series or TV movie actor: Mark Ruffalo, “I Know This Much Is True”

Best limited series or TV movie actress: Anya Taylor-Joy, “The Queen’s Gambit”

Back to Top
CIM LOGO