
De Christian Boltanski war allerdéngs net nëmmen als Kënschtler täteg, mä och als Auteur a Fotograf. A senge Wierker goung et ëmmer nees ëm d’Theme Vergänglechkeet, Doud, wéi och d’Verfälschung vun der Erënnerung.
De Boltanski hat sech iwwert déi franséisch Grenzen ewech en Numm gemaach. 1994 gouf hie mam Aachener Konschtpräis ausgezeechent, 1996 krut hien de Rolandpräis fir Konscht am ëffentlechen Raum. Donieft gouf hien och mam “Goslarer Kaiserring” a mam Konschtpräis vun der Nord/LB priméiert.
An der Völklinger Hütte am Saarland, net wäit vum Grand-Duché ewech, ass eng Dauerinstallatioun vun him ze gesinn.
