RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-RegisseurenDe Gaspar Noé a säi "Cinéma du corps"

RTL Lëtzebuerg
Den argentinesche Skandal-Regisseur spillt a senge Filmer dacks mat der "Fourth Wall" a presentéiert de Spectateure Filmer, déi schwéier ze verdaue sinn.
© CHRISTOPHE SIMON / AFP

Mat senge 57 Joer gehéiert de Gaspar Noé sécherlech nach zu der méi jonker Generatioun u Regisseuren, ma huet mat senge Filmer scho vill vill Skandaler gesuergt. Engem grousse Public ass den Noé ouni Zweiwel mat “Irréversible” bekannt ginn, e Film, dee mat senge verstéierende Biller a pessimistescher Siicht fir Kinosspectateure schockéiert huet.

Wéi gutt kenns du dech mam Gaspar Noé a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten. Eng falsch Fro, an et geet nees vu vir un!

https://www.rtl.lu/kultur/news/1753842.html

Back to Top
CIM LOGO