Am Cube 521De Jan Josef Liefers war zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den 10.Februar huet den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers eng Liesung virun engem ausverkaafte Sall zu Maarnech gehalen.
Jan Josef Liefers zu Lëtzebuerg
De Schauspiller hat am Cube 521 zu Maarnech aus der Juli Zeh hirem Buch “Über Menschen” gelies.

Dat war elo déi drëtt Kéier, dass hien zu Lëtzebuerg war. Déi éischte Kéier war fir de Lancement vum Film “Knocking on heaven’s door” am Joer 1997, an deem hien als Rudi Wurlitzer nieft dem Til Schweiger an dem Thierry van Verweke ze gesi war. Déi zweet Kéier war, wéi hie mat senger Band Radio Doria op der Duerchrees war an hei iwwernuecht huet.

Deene Meeschten dierft de Jan Josef Liefers awer virun allem fir seng Roll als Professer Börne an der Serie “Tatort”, déi zu Münster spillt, bekannt sinn.

Virun enger Woch huet et de Schauspiller a Museker dunn erëm op Lëtzebuerg verschloen, dës Kéier fir eng Liesung vum Juli Zeh hirem Buch “Über Menschen”.

De Jan Josef Liefers war och Invité am Live! Planet People vum 3.Februar.

Back to Top
CIM LOGO