
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse sinn eng Kreatioun vum Lëtzebuerger Regisseur a Schauspiller Dan Tanson, a vum Museker a Komponist Georges Urwald.
“A menger Zäit als Moniteur an der Aktioun “Bambësch” an den 1990er Joren, hu mir mat de Kanner gesongen a Kanner-Rockbands aus Däitschland invitéiert. Do konnte mir erliewen, wéi flott et ass, Kannerlidder an engem Mäntelche vun haut ze spillen”, esou den Dan Tanson. “Esou een interaktive Projet, wou mat Kanner gesonge gëtt an d’Musek richteg gutt ass, an eng verspillte ‘Show’ mat Videoprojektiounen, Disko-Luuchten a Glitzerkanounen, déi Spaass maachen, goufen et an dëser Form nach net zu Lëtzebuerg. Wéi den Arend Herold mir dunn de Georges Urwald virgestallt huet an ech him vu menger Iddi erzielt hunn, ware mir direkt Feier a Flam fir esou e Projet zesummen ze starten. Mir hunn eis dovun inspiréiere gelooss, wat et am Ausland Guddes gëtt, an hunn déi bescht Iddien op Lëtzebuerg transponéiert. Dat Wichtegst ass awer, dass d’Museker an d’Musek allgemeng exzellent sinn, an de Kapitän e bëssen ‘tollpatescheg’, ma gutt gelaunt ass a sech net ze wichteg hëlt.”

De Matmaach-Concert ass fir Kanner tëschent 4 an 9 Joer, an hir erwuesse Begleedung geduecht. Dofir gi vill international Hits, déi deenen Erwuessenen e Begrëff sinn, fir d’Kanner nei interpretéiert.
“Déi eenzeg Krittäre sinn, dass d’Lidder eis selwer Spaass maache mussen, dass d’Texter an d’Melodie flott sinn, an dass een direkt matsange kann. E puer traditionell Lëtzebuerger Lidder dierfen natierlech net feelen.”
2015 gouf deen éischte Matmaach-Concert am Kapuzinertheater organiséiert. Do virdru waren d’Lidder schonn op engem éischten Album mam Titel “De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen” erschéngt. Béides war direkt e groussen Erfolleg.

“Et war eng grouss Freed ze gesinn, wéi di kleng Piraten - sou nenne mir d’Kanner - direkt ‘ofgaange’ sinn. Mee net nëmme si: och di ‘grouss Piraten’, also déi Erwuessen, déi mat de Kanner do waren, hunn direkt mat eis matgesongen a -gedanzt”, erënnert sech den Dan Tanson. “Den Echo war iwwerwältegend. Et war en Dram, dee Wierklechkeet ginn ass.”
Deemno war séier decidéiert, dass dem Kapitän Mullebutz a senger Crew hir Performance keen Eenzeloptrëtt géif bleiwen. Am November 2019 koum dunn den zweeten Album mam Titel “De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse si wibbeleg” eraus. Dëse gouf suivéiert vun enger Tour, déi wéinst der Pandemie huet mussen ënnerbrach ginn.
Elo geet de Projet dann an eng drëtt Ronn, mam Album “De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse si schneekeg” an enger Rei Concerten, ënner anerem de Weekend vum 7. bis 9.Januar am Escher Theater, de 27. bis 30.Januar am Aale Stadhaus zu Déifferdeng, de 5.Februar am Trifolion zu Iechternach, an de 26. a 27.Februar am Cape zu Ettelbréck.
Méi Informatiounen zum “De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg!” ginn et hei.