Comeback no MëssbrauchsvirwërfDe Kevin Spacey steet nees virun der Kamera

RTL Lëtzebuerg
Den 62 Joer alen Acteur gouf no de schwéiere Reprochë vu sexuellen Iwwergrëffer elo um Set vun "Peter Five Eight" gesinn.
© AFP/Archives/Filippo MONTEFORTE

Dat mellt “TMZ”, deene Biller vum zweefachen Oscar-Gewënner wärend dem Filmdréi virleien. Dëst ass net déi éischte Kéier, dass de Spacey no den Uschëllegunge virun der Kamera steet. Am Juni war et d’Nouvelle, dass hien am italienesche Film “L’uomo che disegnò Dio” vum Regisseur Franco Nero soll matgespillt hunn.

Vun engem Hollywood-Comeback kann awer net rieds ginn. “Peter Five Eight” ass nämlech eng éischter kleng Produktioun, d’Regie staamt vum Michael Zaiko Hall.

Zanter de Mëssbrauchsvirwërf am Joer 2017 hat sech den Acteur bal komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. No den Ermëttlunge géint de Spacey hat Netflix d’Zesummenaarbecht mat him gekënnegt. Hien hat jo d’Roll vum President an der Serie “House of Cards” gespillt. De Regisseur Ridley Scott huet iwwerdeems dem Kevin Spacey säin Optrëtt am Film All “the Money in the World” erausgeschnidden.

De Schauspiller krut zejoert vun 2 Männer virgeworf, si als Mannerjäreger an den 80er Jore mëssbraucht ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO