
Headliner den 29. Juni an der Abtei Neimënster sinn déi brittesch Gruppe Bombay Bicycle Club a Bat for Lashes. Aus Kanada ass et d’Band Alvvays a mam Kim Gordon vu Sonic Youth ass och eng US-Musekerin vertrueden.
Vu Lëtzebuerger Säit triede Francis of Delirium ëm d’Jana Bahrich den 29. Juni an der Abtei Neimünster op. Aner Decouvertë sinn d’schweedesch Gruppe Girl Scout a Lucky Lo.
De Siren’s Call gëtt nieft engem kreative Maart vun der Nuit des Lampions encadréiert. Den Ticket kascht 63 Euro, fir Kanner ënner 12 Joer ass d’Entrée gratis.
Fir de Michel Welter vum Organisateur “den Atelier” ass de Siren’s Call méi, wéi en einfache Museks-Event:
“Ech mengen den Haaptattrait vum Festival ass, datt et e Stater Festival ass op verschiddene Plazen. Also mir sinn zwar wuel an der Neimënster Abtei, mee net nëmmen. Mir sinn och am Melusina souwéi am Gudde Wëllen, mir sinn am Gaart vun der Abtei, mir sinn am Theatersall vun der Abtei an natierlech och op der grousser Open-Air-Plaz virun der Abtei. An et kritt een natierlech Konschtinstallatiounen, e Creators’ Market, mee awer och Bands. Dat heescht et ass am Fong esou e ganzt Erliefnis, wou Kanner ënner 12 en plus gratis kënnen erakommen.”
Et ass dëst Joer schonn déi 6. Editioun vum Festival, op deem iwwer d’Jore schonn Acts wéi The Hives, Metronomy, Cat Power, Band of Horses, oder och nach Oscar and the Wolf, Eels, an MGMT opgetruede sinn.