Dramjob "professionelle Museker"De Lëtzebuerger Batteur Chris Maas op Tour mam Sting

RTL Lëtzebuerg
De Chris Maas huet a senge Joren als professionelle Batteur ënnert anerem bei The Pierces, Mumford & Sons an elo och mam Sting gespillt.
© Instagram/ zacmahrouche

“Humbled and honored”, esou huet et am Lëtzebuerger Batteur Chris Maas sengem Instagram-Post geheescht, mat deem hien den 11. Mäerz annoncéiert huet, dass en zesumme mam weltbekannten engleschen Artist Sting op Tour geet.

D’Tournée, vun där riets geet, nennt sech “Sting 3.0". De Chris Maas: “En huet bis elo als ‘Sting Live’ mat enger Band vu siwe Leit gespillt. An dat Ganzt ass a sengen eegene Wierder ‘e bësse langweileg’ ginn, dat heescht, hien huet decidéiert, dat e bëssen ze re-formatéieren. An dësem Fall huet en elo gesot, et wär am beschten, fir en Trio draus ze maachen an dann alles erëm zréck op den Trio, do wou en ugefaangen huet am Fong mat The Police.”

No “Sting Live” koum Sting 3.0

Mat “Every Breath You Take” aus dem Joer 1983 huet de Sting mat “The Police” de Grondsteen geluecht fir seng Musekskarriär, déi an der Tëschenzäit gutt 55 Joer leeft. Beim Lëtzebuerger Chris Maas ass awer en aneren Titel hänke bliwwen: “Liblingslidd u sech..., also ech soen ëmmer dat éischt Lidd. Dat éischt Lidd, wat ech jee vun him, respektiv vun ‘The Police’ kannt hunn, war Roxanne. Dofir soen ech ëmmer Roxanne, well dat einfach nach ëmmer ee Lidd ass, wou ech einfach soen, wa mer dat spillen, dat kennt all Mënsch éischtens, et ass dat Lidd, wat hien zwar am mannste gär spillt, well en et warscheinlech schonn am meeschte gespillt huet. Mee jo, fir mech ass Roxanne einfach den ultimative Klassiker.”

D’Liblingslidd vum Sting ass fir hien ganz kloer

Deem kënne wuel vill Leit zoustëmmen. Den initiale Kontakt tëschent dem Sting an dem Profi-Batteur, deen zanter 2005 zu London lieft, ass wärend der Pandemie entstanen, wéi de Sting eng Promo-Tour fir säin Album gemaach, an dofir mat lokalen Artiste kollaboréiert huet. De Chris Maas huet dunn an England eng Rëtsch Concerte mat him gespillt. Duerno ass en och nach eng Kéier zu Miami fir ee Concert als Batteur agesprongen:

“Ausgangs leschtem Joer, am Dezember, krut ech dunn nach eng Kéier ugeruff an dunn huet de Manager gesot, dass mer eis sollen treffen, fir dass hie mer kéint eng Iddi presentéieren an dat war eeben “3.0". Dat heescht, du sinn ech offiziell gefrot ginn, ob ech interesséiert wär, fir an deem Projet deelzehuelen. A voilà, do hunn ech net laang missten zécken, fir ze soen, dass ech ganz, ganz gär do derbäi sinn.”

Den Zouschlag fir mam Sting op Tour ze goen

Ausgangs Mee geet et lass mat der Tour. Den éischte Rendez-vous ass dann zu Dresden, duerno gëtt uechter Europa getourt, ier et dann am September an den USA weider geet.

Den Ufank vu senger Karriär war zéi a schwéier

De Lëtzebuerger Batteur huet a senge Joren als professionelle Batteur ënnert anerem bei The Pierces (déi de Soundtrack vun der Serie “Pretty Little Liars” gemaach hunn), wéi gesot fir de Sting a bei Mumford & Sons gespillt.

Ma “Aller Anfang ist schwer”, wéi een ob däitsch jo sou schéin seet... An dat war dann och beim Chris Maas de Fall: “Dat huet relativ laang gedauert. Dat heescht, ech sinn 2005 vu Lëtzebuerg fortgeplënnert, ech sinn op London geplënnert, ech hunn hei zwee Joer Schoul gemaach, op enger Uni an dunn hunn ech eng éischt Tour offréiert kritt. Et war eng ganz kleng Tour deemools, mee et war meng éischt Kéier an engem Tour-Bus, ech mengen, et waren zwou an eng hallef Woch oder esou, an dat war fir mech einfach onwarscheinlech, well dat war mäin Dram. Dat war, firwat ech iwwerhaapt op London geplënnert sinn.”

De laange Wee fir professionelle Museker ze ginn

No där éischter Tour, koum direkt eng zweet Tour, a sou huet sech dat lues a lues opgebaut. Vu Mumford&Sons, iwwert de Matt Corby, Example an The Pierces huet hien iwwer déi lescht 19 Joer fir eng ganz Partie bekannte Museker d’Bengele geschwongen:"Mir hunn eng Kéier e Concert zu Verona gespillt, aus engem ale Kollosseum, deen an der Mëtt vun der Stad steet, dee wierklech wonnerschéin ass. An dat war mengen ech 2016. An dat war deen éischte Concert, wou ech meng Elteren an Italie bruecht hunn, fir op de Concert kënne kucken ze kommen. An dat war einfach en immens spezielle Moment fir mech, fir einfach no all där Zäit, wou ech elo fort sinn vun doheem, mengen Elteren einfach kënnen ze weisen, wat ech maachen. Fir dee Concert virun hinnen an an engem voll gepaakte Kollosseum do ze spillen, dat war wierklech e ganz spezielle Moment.”

De Concert zu Verona mat sengen Elteren

Obschonns hie fir vill vun deenen Artisten och e konstante Kollaborateur ass, huet et de Chris Maas ni gereizt, wierklech Deel vu just enger Band ze sinn: “Ech kann an engem Joer mat 50 verschidden Artiste schaffen, ophuelen, touren an d’selwecht mat Produzenten, mat anere Museker etc... Virun allem als Museker, hues de ëmmer eng musikalesch Vilfalt, vun där s de kanns profitéieren. Dat heescht esou een Artist, soen ech emol wéi Example, mat deem ech laang getouert sinn, wat am Fong méi elo Hip-Hop mat House gemëscht ass. An dann hues de eppes wéi Mumford & Sons, wat dann awer méi rockeg, folky ass. D’lescht Joer war ech mam Maggie Rodgers aus Amerika ënnerwee e ganzt Joer, wat dann erëm méi Pop ass. Dat heescht et ass wierklech eng musikalesch Villfalt, déi mir immens gefält.”

E Beruffsliewen mat vill musikalescher Villfal

Back to Top
CIM LOGO