Ee vun den Trompettisten aus dem schweedeschen Orchester ass de Lëtzebuerger Max Asselborn deen do e feste Kontrakt huet. De Régis Thill huet sech mam Max Asselborn virum Concert ënnerhalen, a war duerno bei sengem Optrëtt am Sall Och wann een net Fan vun der klassescher Musek ass, huet een d’Ufanksmelodie vum Richard Strauss sengem Stéck “Also sprach Zarathustra” schonn héieren. Am Film “2001: Space Odyssey” war et d’Leitmotiv. Et geet héich eraus bei deem musikaleschen Thema.
Héich eraus , dat ass och dem Lëtzebuerger Max Asselborn seng Karriäre als Trompettist gewiescht. Hien huet seng Kandidatur als Trompettist bei engem groussen Orchester gestallt. Gefillt méi wéi 50 Mol ouni Erfolleg, bis hien beim schwedeschen Radio Symphonie Orchester iwwerzeegt huet. Do gouf hie fir d’éischt op Prouf agestallt als zweeten Trompettist, an duerno fest opgeholl.
De Max Asselborn ass léiwer zweeten Trompettist wéi éischten. Hie mengt, et géif een als Museker vu vir eran als 1. oder 2. Trompettist gebuer ginn. Den 2. Trompettist huet mat sengem Instrument méi en déiwe Klang an sou kann hien den 1. Trompettist, deen méi héich Kläng produzéiert, besser ënnerstëtzen. Et ass gewëssermoossen den zolitten Ënnerbau, deen dem 1. Trompettist Sécherheet gëtt.
Op jiddwer Fall, de Max Asselborn ass gutt am Orchester, a gutt a Schweden, integréiert. An de Concert an der Philharmonie mat sengem Orchester huet iwwerzeegt.