
Lo ass deemno de Line up gewosst. D’Kollibri asbl huet och dëst Joer nees fir Grouss a Kleng eppes am Gepäck, vu Musek bis hin zu Workshoppen, Ausstellungen an och engem Creators Maart.
E Samschdeg dierf ee sech op déi dynamesch Kläng vu La Jungle, engem Duo aus der Belsch freeën, wéi och Coma vu Köln an d’Lëtzebuerger Talent Don Piano. E Sonndeg dogéint gëtt et méi rockeg mat Headliners wéi Annie Taylor, Collignon oder nach No metal in this battle. Natierlech sinn och nees vill aner lokal Interpreten op dësem Festival present wéi zum Beispill Cosmokramer, Culture the kid oder nach Hannah Ida an de Laurent Biver.
A fir dass déi méi kleng Festivalfans sech net langweilen, suergen ënner anerem d’Nikki Ninja & Afrobeathoven, John Happi a Cie One Shot fir Ënnerhalung.