RIPDe Michael Verhoeven ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Realisateur a Mann vun der Schauspillerin Senta Berger ass schonn e Méindeg no kuerzer, ma schwéierer Krankheet gestuerwen.
© Gerald Matzka / DPA / AFP

Dat huet seng Famill der Däitscher Presse-Agentur DPA matgedeelt.

De Verhoeven zielt ronn 60 Film- an Tëleesproduktiounen zu senge Wierker, dorënner Filmer wéi “Die weiße Rose” (1982), “Semmelsweis Ignaz - Arzt der Frauen” (1987/1988), “Schlaraffenland” (1990), “Das schreckliche Mädchen” (1990) oder “Der unbekannte Soldat” (2005/2006).

De Film “Das schreckliche Mädchen” war och fir en Oscar nominéiert.

Bestuet war hie mat der däitscher Schauspillerin Senta Berger, an dat zanter dem 26. September 1966.

Back to Top
CIM LOGO