Vun der Skulptur, Molerei, Theater bis hin zu Musek. Eng vun de wichtegsten Etappen war wuel 2015 säi Projet "Paradiso Lussemburgo" op der Biennale zu Venedeg. Ma och d’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz notzt de Filip Markiewicz a senge Wierker. "Meng Konscht ass ëmmer eng Reaktioun zu deem wat an der Gesellschaft geschitt. Ech probéieren, net ze dirigéieren mee ze saugen, wéi e Spongebob."