Net wäit ewech vum Portal verstoppt sech e grousse Schatz. Eng Hellewull u Geschier an aneren Utensilien aus der Zäit, wou d’Héichiewen nach gedämpt hunn an op Schichte geschafft gouf, kann een hei bewonneren. Et kritt een e klengen Abléck wei joerzéngtelaang op ARBED Esch/Schëffleng geschafft gouf.
All éischte Samschde vum Mount huet de Musée seng Diere fir de Public op. Nomëttes vu 14 bis 18 Auer. Op 110 Metercarré kann ee sech e Bild vum Schmelzaarbechter maachen.