
Gebuer an opgewuess ass en zu Salzburg, vun Nationalitéit ass de Christoph Sietzen Lëtzebuerger.
De Percussionist, dee sech vrun allem um Marimba wuel fillt, gehéiert international zu de beschte Kënschtler a sengem Fach a gëtt dowéint och vun der Press gelueft.
Schonn an der Spillschoul huet de Christoph Sietzen seng Passioun fir alles entdeckt, wat Percussioun ass.
De Percussionist Christoph Sietzen
Lescht Woch war de Christoph Sietzen am Kader vun de Classical Meetings zu Lëtzebuerg. An der Philharmonie huet hie sech mam Christiane Kremer ënnerhalen iwwer seng Musek, awer och iwwer de Publikum bei senge Concerten, iwwer d’Erausfuerderung mat Marimba ze reesen, den éischten Xylophon an dem Spillen op Schrottstécker.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
