
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. De fréiere Liichtathlet a Basketspiller huet an der Schoul och seng Léift fir d’Musek entdeckt an d’Schülerband T42 matgegrënnt. Aus T42 an éischten Hits gouf viru 25 Joer d’Band “Dream Catcher”, déi den Ament souzesoen op Tournee ass: Fête de la musique, Virprogramm vum Robbie Williams oder Concerten am Ausland.
Am Gepäck déi Lidder, déi se viru fënnef Joer am Musée des Mines zu Rëmeleng opgeholl haten an déi elo um Live-Album “Under a blood red ground” erauskomm sinn.
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d’Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher.
A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer d’Musek, awer och iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Heemechtsstad Diddeleng a seng Begeeschterung fir BDe mam Andy Genen ze maachen.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
