Artbox vum 26. Februar am ReplayDe Philippe Wenger an d'Seja Katharina Rockel

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vun The Tame and the Wild, Schumacher - Muller - Tonnar, d'Museker Nataša Grujović an Steve Moore
ArtBox mam Philippe Wenger an dem Seja Katharina Rockel
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

D’Sing- a Songwriter Philippe Wenger a Seja Katharina Rockel sinn de Kapp an d’Häerz vun der Lëtzebuerger Band The Tame and The Wild. Mir kruten en Abléck an de Kreatiounsprozess vun hirer Musek.

Et bleift musikalesch: De Serge Tonnar huet sech fir e Beneficeconcert zwee bekannte Museker u seng Säit geholl. En Trio, deen et esou hei am Land nach net ginn ass.

An och an der Kulturfabrik zu Esch treffe Museksgenren openeen. D’Natascha Grujovic an de Steve Moore kreéieren den Ament nei Kompositiounen, en Hommage un de Steve Kaspar.

An de Rapper Maz stellt eis säin neit Lidd an 90 Sekonne vir.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO