
De Bouf vun enger Kulturjournalistin an engem, an der DDR relativ bekannte, Schrëftsteller ass scho fréi kënschtleresch aktiv. Seng éischt kuerz Gedichter schreift hie mat 9 Joer.
A senger Jugend ass hie Leeschtungsschwëmmer an trëtt 1978 fir d’DDR bei der Jugend-Europameeschterschaft un, wou hien iwwert 1.500 Meter Fräistil op déi siwente Plaz kënnt. Eng Zäit laang war hien esouguer am Kader fir mat op d’olympesch Spiller zu Moskau am Joer 1980 ze goen. Nodeems allerdéngs erauskoum, dass hie sech wärend der Jugend-EM aus dem Hotel geschlach hat a sech vu Schwëmmer aus Westdäitschland “klassefeindlech” Pechbiller besuergt hat, gouf hien net méi berécksiichtegt.
Ausserdeem huet hien a senger Jugend geléiert, Batterie ze spillen. Vun 1986 u war hien als Batteur an der Punkband “First Arsch” aktiv. Nodeems d’Mauer gefall war, hat d’Band 1992 den Album “Saddle Up” erausbruecht.
1993 grënnt hie mam Oliver Riedel a Richard Kruspe d’Band “Teamplayers”. Ugangs sinn d’Lidder vun der Band nach op Englesch, no kuerzer Zäit fänkt de Lindemann awer un, op Däitsch ze sangen. Bis 1994 kommen de Christoph Schneider als zweete Gittarist an de Christian “Flake” Lorenz als Keyboarder dobäi an d’Band ännert hiren Numm zu “Rammstein”.
D’Band sollt an den nächste ronn 28 Joer internationale Succès hunn.
Am Kader vun hirer Tour am Joer 2019 hate Rammstein och en ausverkaafte Concert hei zu Lëtzebuerg um Herchesfeld bei Réiser gespillt. Een onerwaarte Spectateur war deemools de Sänger Chris Martin vun der Band Coldplay, vun där dem Till Lindemann säi Jong - zum Leed vu sengem Papp- e grousse Fan ass.