
Elo kritt hien also och de renomméierten Georg-Büchner-Literaturpräis. Dëst huet de d’däitsch Akademie fir Sproch an Dichtung en Dënschdeg de Moie bekannt gemaach.
Fir de Roman “Stern 111" hat de Seiler virun 3 Joer de Präis vun der Leipziger Buchmesse kritt.
Wéi de Jury vum Büchner-Präis schreift, géif mam Lutz Seiler en Auteur geéiert ginn, deen als Dichter zu enger onverwiesselbarer Schreifweis fonnt hätt, déi melancholesch, riicht eraus a wichteg wier. Dat lescht Wierk vum Seiler ass de Roman “schrift für blinde Riesen”. All d’Bicher vum Seiler sinn an de Suhrkamp-Editiounen eraus komm.
Den Auteur ass 1963 zu Gera gebuer. Et sinn absënns seng Erliefnesser op der Hiddensee-Insel an der Ostséi, déi hien zum Schreiwen bruecht hunn.
D’lescht Joer war de Büchner-Präis iwwerdeem fir d’Autrice an Actrice Emine Sevgi Özdamar.