
Hien huet wärend senger Karriär a méi wéi 100 Filmer a Serie matgespillt. E war 4 Mol fir en Oscar nominéiert a konnt 2007 dann och de renomméierte Präis gewannen, dëst als beschten Niewenduersteller am Film “Little Miss Sunshine”.
Seng éischt Nominéierung krut en direkt fir seng éischt gréisser Roll an der Agente-Komedie “Die Russen kommen! Die Russen kommen!” aus dem Joer 1966.
Nieft der Schauspillerei war hien och nach als Regisseur, Dréibuchautor a Sänger aktiv. Mat senger Band “The Tarriers” hat hien 1956 mam Song “The Banana Boat Song” en Hit.
Den Alan Arkin ass 89 Joer al ginn. Iwwert d’Doudesursaach gouf näischt matgedeelt.